Prinzessin 2019

    Wëlls Du aktiv um Karneval an der Gemeng Péiteng deelhuelen? Bas Du e sympathescht Meedchen?

    • wéinstens 17Joer jonk (op den 26.01.2019).
    • wunns oder schaffs an der Gemeng Péiténg, oder bass Member vun engem Veräin aus der Gemeng.
    • a bass bereed un den Ativitéiten laut KaGePe Fues-Agenda deel ze huelen.

    Da bass Du eis Kandidatin fir d’Wiel vun der « Karnevals-Prinzessin 2019 » den 26. Januar 2019 am Hotel Threeland zu Péiteng.

    kapege-prinzess-night-0540

     

     

    Schéck Deng Bewerbung (mat Foto) virum 12.01.2019 un d’offiziel Adress vum KaGePe (KaGePe a.s.b.l. – Boîte postale 24 – L-4701 Pétange) oder per Email op info@kagepe.lu

     

    Mega Kannerbal

    mat Wiehl vum KANNERPRËNZEPUER 2019* den 3. Frebruar 2019 am Centre de loisirs zu Lamadelaine.

    (*Bei der Wiehl matmache kann all Kand tëschen 8 an 12 Joër waat an der Geméng Péiteng wunnt, do an d’Schoul geet oder aktiv an engem Péitengerveräin ass)

    Ufank : 14.00 Auer       Entrée 5 € – Kanner 2 €

     

    Remise des clés « Gemengestiermung » …

    Cette 107_GSvieille coutume ressuscitée par l’Amicale des Anciens Princes et Princesses de la Cavalcade de Pétange (AAPPCP) en 2006 symbolise la cession de la clef de la ville par le Collège des bourgmestre et échevins aux mains du couple princier pour la durée du Carnaval. La «Remise de la clef» de l’année 2019 aura lieu le vendredi, 1Marz à l’hôtel de ville à Pétange. Elle sera animée musicalement par la formation «KaGePe’s-Musék». Après le cérémoniel officiel, le couple princier accompagné par ses fidèles adeptes, entamera une randonnée joyeuse dans les bistrots de la commune affichant le drapeau du KaGePe.

    Les détails de l’organisation seront affichés sous peu sur ce site.

     

     

    Kapesetzungen

    Ee weideren Héichpunkt an allen Organisatiounen vum KaGePe stellen ouni Zweiwel déi alljähreg Kapesëtzungen duer. Dës sin 2008 fir d’éischt neess iwwert d’Bühn gaangen an haten direkt ee Mega-Succès. Waren ët 2008 just 2 Virstellungen, am Joër 2009 der dräi, 2010 der véier, 2011 der fënnef, dann 2012 an 2013 der véier, vun 2014 uns neess der fënnef, sou sin och fir 2018 ërem 5 Optrëtter fest mat ageplangt. Déi Virstellungen sin am Centre de Loisirs zu Lamadelaine, an zwar :

     

    Déi 12ten Kapesëtzungen vum KaGePe – 2019

    FREIDES, den 15. Mäerz 2019

    SAMSCHDES, den 16. Mäerz 2019

    FREIDES, den 22. Mäerz 2019

    SAMSCHDES, den 23. Mäerz 2019

     

    Entrée ab 19.00 Auer – Rido um 20.00 Auer !

    Réservatiounen an Informatiounen:

    Um Telefon 621-227-315 oder per Email un info@kagepe.lu

     

    EINFACH, PRAKTESCH A SECHER !!!

    Ee Minibus kënnt Iech heem sichen a kutschéiert Iech och ërem no der Kapesetzung bequem heem 

    Réservatiounen a weider Informatiounen fir d’Bus-Navette um Telefon 621-166-434

     

     Kapesetzung 22-03-2014

    Direkt vun Ufank uns haat sech eng formidabel Équipe mat Akteuren zesumme fond, wou praktësch all Matwierkenden séng Erfahrung schons bei ähnlechen Manifestatiounen gemaach haat.

    D’Mëschung aus Sketcher, Gesang- an Danzvirstellungen hun beim Publikum eenorm ageschloën. Witzeg Texter iwwert Landes- oder Kommunalpolitiker, natiirlech ëmmer am Moos vum deem Erlaabten, kommen meeschtens aus der Fieder vun Auteuren aus eisen eegene Reihen. Waat Texter vun den Lidder ugeet, do hëllefen awer och nach anner Auteuren schreiwen.

    Danzchoreografien, arrangéiert a virgedroen vun der Avant Garde Rodange, gin ebenfalls op ganz héichem Niveau präsentéiert. An nët ze vergiessen eise KaGePe-Orchester, bestoend aus 5 bis 7 Musikanten, passt sech dem Kader ausgezeechnet gudd un. Dobäi kommen dann nach eis « Special-Guest », déi einfach nët méi aus der ganzer Show ëwech se denken sin.

    Zu Garantie mecht all Mënsch am Sall bei där formidabler Stëmmung mat. Déi meescht vun hinnen si verkleet, stin op de Still a sange mat :

    « (Olé) super KaGePe, (Olé) super KaGePe … « 

    Alles an Allem:

    Een absoluten Héichpunkt vun de Karnevals-Aktivitéiten an der Geméng Péiteng deen der nët verpassen sollt!

    Vive d’Éditioun 2019

     

    D’Lidd: Olé super KaGePe (drop clicken fir ee Extrait ze lauschteren)

     

    (Am Minett) jo do ass ët schéin; (Am Minett) do sin d’Wise gréng; (Am Minett) si se all gudd drop; (Am Minett) do ass d’Stëmmung top!

    (Zu Péiteng) ass déi grouss Parad; (Zu Péiteng) do ass d’Kavalkad; (Zu Péiteng) do hu mir vill Spass; (Zu Péiteng) dat ass décke Gas!

    Refrain: (bis)

    (Olé) super Kagepe; (Olé) super Kagepe; (Olé) super Kagepe; (Olé) super, mega Kagepe

    (Zesummen) gi mir richteg Gas; (Zesummen) hei am Fond de Gras; (Zesummen) drénke mir ë Patt; (Zesummen) drénkt och Dir ee mat!

    (A wanns Du) een zevill hei drenks; (A wanns Du) deen och nët bezills; (Dann ass dat) dem Wiert ganz egal; (Well hien ass) frou mat jonk an Al!

    Refrain (bis)

    Hei si mir all doheem; A gin, nach sou baal nët heem; An eise Wand, dee bléist…; Bei eis läit Iech d’Welt zu Féiss!

    (Am Minett) jo do ass ët schéin; (Am Minett) do sin d’Wise gréng; (Am Minett) si se all gutt drop; (Am Minett) do ass d’Stëmmung top!

    (Zu Péiteng) ass déi grouss Parad; (Zu Péiteng) do ass d’Kavalkad; (Vu Péiteng) vun do bléist de Wand; (Vu Péiteng) dat weess schon all Kand!

    Refrain (bis)

    Olé!

    64. Péitenger Kavalkad

    Groussen Internationalen Ëmzuch an de Stroossen vu Péiteng, Sonndes den 31. März 2019 um 14 Auer 11

    Hutt där als Grupp e flott Thema, e schéine Won oder sidd eng géckeg lëschteg Musék? Da meld Iech un fir déi 64. Kavalkad.

    Déi schéinste Nummeren sin den 31.03.2019 um 14.11 Auer derbäi.

    Schéckt är Umeldung einfach per Email un d’Adress cavalcade@kagepe.lu oder benotzt heifir dëse Formulaire. Umeldeschluss ass den 17. 02.2019 !

    Animatioun vir an no der Kavalkad, ësou gudd an den Stroosen ëwéi an de Bistroën, a virun allem KEEN ENTRÉE

    Dofir sidd och Dir ërem mat derbäi, wann ët heescht: De Péitenger Wand, dee bléist, dee bléist, dee bléist !

    Den Dag selwer vun der Kavalkad, kënnt der ären Auto um Parking vum Cactus Bascharage stoën loossen fir mat enger Navette op Péiteng geféiert ze gin.

     

    Ëmzuch_Kavalkad_2010 236

     64e Cavalcade de Pétange

    Grand cortège international dans les rues de Pétange, dimanche de la Mi-carème, 31 mars 2019 à partir de 14.11 heures Si vous êtes une société, un groupe ou une formation musicale avec plein d’idéalistes de nature folle, et vous possédez un thème ou un char intéressant, nous vous invitions de poser votre candidature pour participer à la cavalcade. Veuillez envoyer une simple demande de participation à l’adresse email cavalcade@kagepe.lu ou utiliser ce formulaire pour votre demande d’inscription. Pour toute autre information et les conditions de participation, nous vous prions de bien vouloir les consulter sous la rubrique Infos/Inscriptions. Le dernier délai d’inscription est fixé au 17.02.2019 ! Sachez aussi, qu’une navette d’autobus fonctionnera, le jour-même de la cavalcade, à partir du parking Cactus à Bascharage. Ambiance carnavalesque également dans les bistrots de Pétange, il aura plein d’animation au Centre-ville avant et après la cavalcade ! ENTRÉE LIBRE (unique au Grand-Duché).

     

    Concert exceptionnel avec le fameux groupe allemand Dompiraten le samedi 30 mars 2019 au grand chapiteau chauffé à la place du Marché à Pétange.

     

    Billets d’entrée disponibles auprès du KaGePe au prix avantageux de 10 € (caisse du soir 15 €)

    Lors de cette soirée sera traditionnellement remise aux invités d’honneur, aux sponsors principaux et aux membres du conseil communal la médaille officielle du Prince 2019.

     

    Cette médaille pourra également être acquise au prix de vente de 20 €.

     

     

     

    To Top