Da bass Du eis Kandidatin fir d’Wiel vun der « Karnevals-Prinzessin 2012 » den 4. Febuar 2012 am Hotel Threeland zu Péiteng.
Schéckt Deng Bewerbung (mat Foto) virum 23.01.2012 un d’offiziel Adress vum KaGePe (KaGePe a.s.b.l. - Boîte postale 1 - L-4701 Pétange) oder per Email op mailto:info@kagepe.lu
ËT ERWUARDEN DECH ENG GANZ REI VUN IWERRASCHUNGEN MAT ATTRAKTIVE PRÄISSER !
Iwwert d'Wahl vun der "Karnevals-Prinzessin" bleiwt ze soën, dass all d'Leit, déi un der "Prinzess-Night" deel huelen, hir Favoritin wiele kënnen. Dëst geschitt an deems jiddereen séng Stëmmkoart vum Entréesbilljee ausfëllt, a bis zum Schluss vun de Wahlen ofgëtt. Am Virfeld gin all d'Kandidatinnen mindestens 3 mol dem Publikum präsentéiert.
De Prënz Norbert III (den Drëtten) ass schons den 11.11.2011 op der Generalversammlung vun den fréieren Prënzen a Prënzessinen an um Optakt vun der Péitenger Fuesend virgestallt gin, a mat där frësch gekréinten "Prinzessin 2012" am Arëm kann d'Fuesend dann ësou richteg lass goën.
Sidd och där mat dobäi, sief ët als Kandidatin oder als Gaascht, wann ët heescht ...
Fir weider Informatiounen schéckt Är Froën op mailto:info@kagepe.lu