Ee weideren Héichpunkt an allen Organisatiounen vum KaGePe stellen ouni Zweiwel déi alljähreg Kapesëtzungen duer. Dës sin 2008 fir d'éischt neess iwwert d'Bühn gaangen an haten direkt ee Mega-Succès. Waren ët 2008 just 2 Virstellungen, am Joër 2009 der dräi, 2010 der véier an 2011 da schons fënnef, esou sin fir 2012 awer nëmmen 4 Optrëtter fest geplangt. Déi Virstellungen sin am Centre de Loisirs zu Lamadelaine, an daat :
Direkt vun Ufank uns haat sech eng formidabel Équipe mat Akteuren zesumme fond, wou praktësch all Matwierkenden séng Erfahrung schons bei ähnlechen Manifestatiounen gemaach haat.
D'Mëschung aus Sketcher, Gesang- an Danzvirstellungen hun beim Publikum énorm ageschloën. Witzeg Texter iwwert Landes- oder Kommunalpolitiker, natiirlech ëmmer am Moos vum deem Erlaabten, kommen aus der Fieder vun 3 verschiddenen Auteuren. Waat Texter vun den Lidder ugeet, do hëlleft och nach ee 4ten Auteur schreiwen.
Danzchoreografien, arrangéiert a virgedroen vun der Avant Garde Rodange, gin ebenfalls op ganz héichem Niveau präsentéiert. An nët ze vergiessen eise KaGePe-Orchester, bestoend aus 7 bis 8 Musikanten, passt sech dem Kader ausgezeechnet gudd un. Kee Wonner och, wëll un hirer Spëtzt steet mat dem Marc Desorbay, ee landesbekannte Militärmusiker.
Och de Käpt'n Ändä & Matrous K1000 (Änder Weber a Camille Ney) feat Sandy (Sandy Botsch) and the Hüettes, sin aus der ganzer "Show" nët méi ëwech zedenken, grad esou wéi deen een oder anneren "Special-Guest".
Zu Garantie mecht all Mënsch am Sall bei där formidabler Stëmmung mat. Déi meescht vun hinnen si verkleet, stin op de Still a sange mat :
Alles an Allem:
Een absoluten Héichpunkt vun de Karnevals-Aktivitéiten an der Geméng Péiteng deen der nët verpassen sollt!
D'Lidd: Olé super KaGePe
(Am Minett) jo do ass ët schéin
(Am Minett) do sin d’Wise gréng
(Am Minett) si se all gudd drop
(Am Minett) do ass d’Stëmmung top!
(Zu Péiteng) ass déi grouss Parad
(Zu Péiteng) do ass d’Kavalkad
(Zu Péiteng) do hu mir vill Spass
(Zu Péiteng) dat ass décke Gas!
Refrain: (bis)
(Olé) super Kagepe
(Olé) super Kagepe
(Olé) super Kagepe
(Olé) super, mega Kagepe
(Zesummen) gi mir richteg Gas
(Zesummen) hei am Fond de Gras
(Zesummen) drénke mir ë Patt
(Zesummen) drénkt och Dir ee mat!
(A wanns Du) een zevill hei drenks
(A wanns Du) deen och nët bezills
(Dann ass dat) dem Wiert ganz egal
(Well hien ass) frou mat jonk an Al!
Refrain (bis)
Hei si mir all doheem
A gin, nach sou baal nët heem
An eise Wand, dee bléist…
Bei eis läit Iech d’Welt zu Féiss!
(Am Minett) jo do ass ët schéin
(Am Minett) do sin d’Wise gréng
(Am Minett) si se all gutt drop
(Am Minett) do ass d’Stëmmung top!
(Zu Péiteng) ass déi grouss Parad
(Zu Péiteng) do ass d’Kavalkad
(Vu Péiteng) vun do bléist de Wand
(Vu Péiteng) dat weess schon all Kand!
Refrain (bis)
Olé!