Clôture du carnaval

"Ofschloss vum Péitenger Karneval"
De KaGePe setzt sech aus sechs droende Pilieren zesummen: Der Geméng, den Syndicate vu Péiteng (SIP) a vu Rodange (SIR), der Amicale vun den aale Prënzen a Prinzessinnen (AAPPCP), der Fédération Européenne des Cités Carnavalesques (FECC) an 3 onofhängeg Memberen.

Jiddëreen huet an der Organisatioun vun a ronderëm d’Kavalkad seng Charge kritt an esou ass ët d‘FECC, déi den Ofschloss vum Karneval zu Péiteng gestallt. Obschons d’FECC vu Grond op ee lëschtege Veräin ass, musse mir all Joër beim Ofschloss onser traureger Flicht nokommen, fir den Dag no der Kavalkad de Karneval vu Péiteng ze begruewen.

Ma ouni Ofschloss keen neien Ufank! An dofir ass ët all Joër op ee Neits ee villbesicht a lëschtegt Evenement wa Schluss ass!

Fir dës Sessioun ass ët de 4. Abrëll 2011 nees esou wäit. Bis dohin bléist de Péitenger Wand!