Cliquez ici pour télécharger notre formulaire d'inscription


Pages Vues : 3450
2012 geet déi 57. Kavalkad duerch d’Stroosse vu Péiteng. Fir genee ze sinn, misste mir soen: déi 57. Kavalkad nom Krich.
Well déi alleréischt Péitenger Kavalkad ass op Halleffaaschtesonndeg vum Joer 1937 duerch d’Stroosse vu Péiteng gezunn. Wéi Eescht et deene Péitenger mat dëser Organisatioun war, gesäit ee schonn dodrunner, datt si den «Syndicat d’Initiative et Comité permanent des Fêtes» gegrënnt hunn, fir datt hien dës Manifestatioun organiséiert.
Dat Joer drop huet en sech gespléckt an den «Syndicat d’Initiative» an an d’ «Entente des Sociétés». 1938 huet de Buergermeeschter esouguer d’Autorisatioun ginn, datt déi verkleete Gecken bis owes 8 Auer keng „Taxe de Travestissement“ hu musse bezuelen.
Di 3. Kavalkad vun 1939 koum bal net zustanen. Well d’Veräiner mat den Onofhängegkeets-Feierlechkeete vill ze dinn haten, hu si gemengt, datt eng Kavalkad hir Memberen an och d’Veräinskees giffen iwwerfuerderen.
Den 19. Mäerz 1939 sinn 3 Veräiner duerch Péiteng gaangen: d’Musék, d’Chorale Ons Heemecht, an de Photosclub.
Kee weess, wéi et virugaange wier, wann net de Krich komm wier. D’Nazi hunn de Syndicat d’Initiative opgeléist an d’Suen zum Deel konfiskéiert. Un eng Kavalkad war souwisou net ze denken.
1945 hu sech e puer Membere vum Syndicat d’Initiative vu Péiteng mat Vertrieder vu Rodange a Rolleng zesumme gesat, fir d’Kavalkad erëm nei opliewen ze loossen. Aus diverse Grënn ass doraus awer näischt ginn.
Ëm déi Zäit huet d'Péitenger Musék ugefaangen, op Halleffaaschtesonndeg verkleet duerch d’Caféen ze zéien an do d’Gäscht ze ënnerhalen. 1952 hunn d’Scoute sech ugeschloss. Wéi sech dunn ëmmer méi Veräiner drugehaangen hunn, an d’Organisatioun ëmmer méi komplizéiert gouf, huet de Syndicat d’Initiative sech 1955 ageschalt. Mat engem Argument, wat ageschloen huet: Wann aner Uertschaften, wéi zum Beispill Nidderkuer, et fäerdeg bréngen eng Kavalkad ze organiséieren, da muss dat dach och zu Péiteng méiglech sinn. Et gouf décidéiert, fir erëm ganz vu vir unzefänken, an dofir hu si dës Kavalkad als di éischt bezeechent.
D’Gemeng an d’Union Commerciale hu sech bereet erkläert, fir en eventuellen Defizit ze decken. 3.000 Entréesbilljeeë goufe verkaaft. Kamellen a Konfetti am Wäert vun 2.000 Frang goufe vu 7 Gruppen a vun 9 Ween erof, ënnert d’Leit geworf.
Dat Joer drop, war fir di éischte Kéier e Prënz bei der Kavalkad. Et war den Albert I. (Albert Schlink). Iwwregens ware vun 1956-1984 d’Prënzen alleguer Member vun dem Turnveräin „La Courageuse“. An enger offizieller Zeremonie krut de Prënz vum Buergermeeschter d’Schlëssele vun der Stad iwwerreecht, an esou laang déi geckeg Zäit gedauert huet, hat hien d’Rudder vun der Gemeng Péiteng a senger Hand.
Niewent der Kavalkad si jorelaang Kapesëtzungen organiséiert ginn, déi wäit iwwert d’Gemeng eraus bekannt waren.
1957 ass fir d’éischte Kéier d’Zeitung vun der Kavalkad erauskomm. An dëser Zeitung goufen och Lidder an Texter aus der Kapesëtzung publizéiert.
Dat Joer huet den Entréesbilljee 10 Frang kascht an domat konnt een eng sëlleche Präiser gewannen: "1 boeuf gras (valeur 10.000 francs) – 1 grand fourneau à feu continu – 4 services à café chromés – fers à gaufres électriques – services à café en porcelaine – Séries de marmites en aluminium – etc" stoung op dem Billjee.
1962 huet de René Colette den Emblème vun der Kavalkad geschaf: d’Gesiicht vum Wand mat den déck opgeblosene Baken, deen d’Buschtawen «PE’TENGER WAND» viru sech hier bléist. Dat Joer gouf et och fir d’éischt en Auto ze wannen: Ee Volkswagen de Luxe. Mat 20 Frang war een derbäi.
1969 war fir d’éischt eng Prinzessin an der Kavalkad : Vivi I. (Viviane Breyer), an 1974 waren de Serge Breyer an d’Claudine Lippert dat éischt Kannerprënzepuer.
De Prënz gëtt vum Organisateur genannt, d’Prënzessin gëtt op dem Bal de la Princesse vum Publikum gewielt, an d’Kanner bestëmmen hiert Kannerprënzepuer op engem Kannerbal.
1981 ass zu Péiteng d’”Fondation Européenne des Cités Carnavalesques” (FECC) gegrënnt ginn. De Roland Breyer gouf Vize-President an ass et bis haut. Op seng Initiative hin, ass 1988 d’Sectioun Lëtzebuerg an d'Liewe geruff ginn.
1984 huet de Mich Klein den Tableau gemoolt, wou mir Fuesgecke virum Péitenger Stadhaus gesinn.
1990 gouf de Syndicat d’Initiative d’Organisatioun vun der Kavalkad of an d’Hänn vun der „Société Carnavalesque et Folklorique du Péitenger Wand“. Dat Joer stoung d’Kavalkad ënnert dem Motto „Cavalcade des Caraïbes“. Et gouf kee Prënz, mä eng „Reine des Reines“: d’Kinnigin Katja I. mat hiren Eirendammen Linda a Sanny.
1991 gouf déi Péitenger Kavalkad ofgesot, grad esou ewéi vill Manifestatiounen uechter déi ganz Welt, wéinst dem Golfkrich.
1992 ass d’Kavalkad erëm vun enger Kinnigin ugefouert ginn: dem Martine I.
1993 war et bal keng Kavalkad ginn. Nodeems de President an de Caissier mateneen démissionnéiert haten, a keen Ersatz fonnt gouf, ass d’Kavalkad ofgesot ginn.
Op Initiative vun der FECC Lëtzebuerg gouf a leschter Minutt en Organisatiounscomité zesummegestallt an op Halleffaaschten ass en Ëmzuch mat 60 Nummeren duerch d’Stroosse vu Péiteng gezunn.
1998 huet de Péitenger Gemengerot sech mat der Kavalkad befaasst: et gouf laang iwwert Sënn an Onsënn vum Konfetti an der Kavalkad debattéiert.
2005 hunn di fréier Prënzen a Prënzessinnen sech zesummegedoen an eng Amicale gegrënnt.
Den 18. Januar 2008 gouf de KaGePe gegrënnt, nodeems datt d’ “Société Carnavalesque et Folklorique du Péitenger Wand” décidéiert hat, fir dat Joer keng Kavalkad goen ze loossen.
De KaGePe setzt sech zesummen aus Vertrieder vum Syndicat d’Initiative vu Péiteng an deem vu Rodange, vun der Gemeng, vun der FECC a vun der Amicale vun de Prënzen a Prënzessinnen.
Mat dem KaGePe ass d’Fuesent definitiv eng Organisatioun vun de Leit aus der ganzer Gemeng ginn.
Hien organiséiert zanterhier d’Kavalkad zu Péiteng, awer gläichzäiteg och Kapesëtzungen zu Rolleng, déi schonn am éischte Joer 2008 e volle Succès waren, an zanterhier ëmmer méi Zoulaf kréien.
D’Péitenger Fuesent lieft !
Si lieft schonn 57 Joer, a si wäert och nach laang viruliewen … esou laang wéi et Péitenger Wandjange gëtt, déi dee richtege Wand maachen.
Viviane Daman
