Wal vum Kannerprënzepuer

9. Februar 2025

KANNERFUESBAL

am CENTRE DE LOISIRS zu Lamadelaine.

Léif Kanner, de 9te Februar ass et nees esou wäit ! ... kommt alleguer verkleet op eise Bal op Lamadelaine.

Fir Animatioun an eng Super Stëmmung, grad esou wéi fir Iessen a Gedrénks, ass beschtens gesuergt.

Ausserdeem gëtt dësen Dag d' KANNERPRËNZEPUER vun der Péitenger-Fuesent 2025 do gewielt.

Bei der Wal fir "Kannerprinzessin" oder "Kannerprënz" kënnen ze ginn, dierf all Kand am Alter tëschent 8 an 10 Joer matmaachen !

Et ass awer allerdéngs esou, dass d'Kand eng vun dëse 3 Konditioune muss erfëllen :

Entweder ! … an der Gemeng Péiteng wunnen.
Oder ! … an der Gemeng Péiteng an d’Schoul goen.
Oder ! … an engem Veräin aus der Péitenger Gemeng aktiv sinn.

D'Umeldungen si méiglech iwwert eise Kontakt-Formular oder den Dag selwer, op der Plaz bis 15.30 Auer !

Den Ufank ass um 14.00 Auer │Schluss ass um 18.00 Auer

Den Entréespräis : 5 € fir Erwuessener │ 2 € fir Kanner

Dëse Bal ass organiséiert an Zesummenaarbecht mat der AAPPCP
(Amicale des Anciens Princes & Princesses de la Cavalcade de Pétange)

 

DE PÉITENGER-WAND ... dee bléist, dee bléist, de bléist !

 

Plan d'accès :

Vous êtes actuellement en train de consulter le contenu d'un espace réservé de Google Maps. Pour accéder au contenu réel, cliquez sur le bouton ci-dessous. Veuillez noter que ce faisant, des données seront partagées avec des providers tiers.

Plus d'informations