Activités

Schreft_KaGePe_vertikal copie

Bal Couple enfantin 28.01.2024

Mega Kannerbal

mat Wiehl vum KANNERPRËNZEPUER 2024 den 28 Januar 2024 am Centre des Loisirs Lamadelaine.

(*Bei der Wiehl matmache kann all Kand tëschen 8 an 12 Joër waat an der Geméng Péiteng wunnt, do an d’Schoul geet oder aktiv an engem Péitengerveräin ass)

Ufank : 14.00 Auer | Entrée 5 € – Kanner 2 €

107_GS

Remise de la clef de l'Hôtel de Ville

«Gemengestiermung »

Cette vieille coutume ressuscitée par l’Amicale des Anciens Princes et Princesses de la Cavalcade de Pétange (AAPPCP) en 2006 symbolise la cession de la clef de la ville par le Collège des bourgmestre et échevins aux mains du couple princier pour la durée du Carnaval. La «Remise de la clef» de l’année 2024 aura lieu le vendredi, 9 février à l’hôtel de ville à Pétange. Elle sera animée musicalement par la formation «KaGePe’s-Musék». Après le cérémoniel officiel, le couple princier accompagné par ses fidèles adeptes, entamera une randonnée joyeuse dans les bistrots de la commune affichant le drapeau du KaGePe.

2°Kapesatzung (57)

Kapesëtzungen

Ee weideren Héichpunkt an allen Organisatiounen vum KaGePe stellen ouni Zweiwel déi alljähreg Kapesëtzungen duer. Dës sin 2008 fir d’éischt neess iwwert d’Bühn gaangen an haten direkt ee Mega-Succès. Waren ët 2008 just 2 Virstellungen, am Joër 2009 der dräi, 2010 der véier, 2011 der fënnef, dann 2012 an 2013 der véier, dun 2014, 2015, 2016,2017 an 2018 neess der fënnef, a vun 2019 uns, sin 4 Optrëtter fest mat ageplangt. Déi Virstellungen sin am Centre de Loisirs zu Lamadelaine, an zwar :

  • FREIDES, den 23 Februar 2024
  • SAMSCHDES, den 24 Februar 2024
  • FREIDES, den 1er Mäerz 2024
  • SAMSCHDES, den 2 Mäerz 2024      Präis: 25 Euro

Entrée ab 19.00 Auer – Rido um 20.11 Auer !

Réservatiounen an Informatiounen:

Um Telefon / Sms 621-227-315 oder per Email un rjusten@pt.lu oder Email un info@kagepe.lu

Direkt vun Ufank uns haat sech eng formidabel Équipe mat Akteuren zesumme fond, wou praktësch all Matwierkenden séng Erfahrung schons bei ähnlechen Manifestatiounen gemaach haat.

D’Mëschung aus Sketcher, Gesang- an Danzvirstellungen hun beim Publikum eenorm ageschloën. Witzeg Texter iwwert Landes- oder Kommunalpolitiker, natiirlech ëmmer am Moos vum deem Erlaabten, kommen meeschtens aus der Fieder vun Auteuren aus eisen eegene Reihen. Waat Texter vun den Lidder ugeet, do hëllefen awer och nach anner Auteuren schreiwen.

Danzchoreografien, arrangéiert a virgedroen vun der Avant Garde Rodange, gin ebenfalls op ganz héichem Niveau präsentéiert. An nët ze vergiessen eise KaGePe-Orchester, bestoend aus 5 bis 7 Musikanten, passt sech dem Kader ausgezeechnet gudd un. Dobäi kommen dann nach eis « Special-Guest », déi einfach nët méi aus der ganzer Show ëwech se denken sin.

Zu Garantie mecht all Mënsch am Sall bei där formidabler Stëmmung mat. Déi meescht vun hinnen si verkleet, stin op de Still a sange mat :

« (Olé) super KaGePe, (Olé) super KaGePe … »

Alles an Allem:

Een absoluten Héichpunkt vun de Karnevals-Aktivitéiten an der Geméng Péiteng deen der nët verpassen sollt!

Vive d’Éditioun 2024

D’Lidd: Olé super KaGePe (drop clicken fir ee Extrait ze lauschteren)

(Am Minett) jo do ass ët schéin; (Am Minett) do sin d’Wise gréng; (Am Minett) si se all gudd drop; (Am Minett) do ass d’Stëmmung top!

(Zu Péiteng) ass déi grouss Parad; (Zu Péiteng) do ass d’Kavalkad; (Zu Péiteng) do hu mir vill Spass; (Zu Péiteng) dat ass décke Gas!

Refrain: (bis)

(Olé) super Kagepe; (Olé) super Kagepe; (Olé) super Kagepe; (Olé) super, mega Kagepe

(Zesummen) gi mir richteg Gas; (Zesummen) hei am Fond de Gras; (Zesummen) drénke mir ë Patt; (Zesummen) drénkt och Dir ee mat!

(A wanns Du) een zevill hei drenks; (A wanns Du) deen och nët bezills; (Dann ass dat) dem Wiert ganz egal; (Well hien ass) frou mat jonk an Al!

Refrain (bis)

Hei si mir all doheem; A gin, nach sou baal nët heem; An eise Wand, dee bléist…; Bei eis läit Iech d’Welt zu Féiss!

(Am Minett) jo do ass ët schéin; (Am Minett) do sin d’Wise gréng; (Am Minett) si se all gutt drop; (Am Minett) do ass d’Stëmmung top!

(Zu Péiteng) ass déi grouss Parad; (Zu Péiteng) do ass d’Kavalkad; (Vu Péiteng) vun do bléist de Wand; (Vu Péiteng) dat weess schon all Kand!

Refrain (bis)

Olé!

Ëmzuch_Kavalkad_2010-236

67é Péitenger Kavalkad 10.03.2024

Groussen Internationalen Ëmzuch an de Stroossen vu Péiteng, Sonndes den 10. März 2024 um 14.11 Auer

Hutt där als Grupp e flott Thema, e schéine Won oder sidd eng géckeg lëschteg Musék? Da meld Iech un fir déi 66é Kavalkad.

Déi schéinste Nummeren sin den 10.03.2024 um 14.11 Auer derbäi.

Schéckt är Umeldung einfach per Email un d’Adress inscription@kagepe.lu oder benotzt heifir dëse Formulaire. Umeldeschluss ass den 03.02.2024 !

Animatioun vir an no der Kavalkad, ësou gudd an den Stroosen ëwéi an de Bistroën, a virun allem KEEN ENTRÉE

Dofir sidd och Dir ërem mat derbäi, wann ët heescht: De Péitenger Wand, dee bléist, dee bléist, dee bléist !

Den Dag selwer vun der Kavalkad, kënnt der ären Auto um Parking vum Cactus Bascharage stoën loossen fir mat enger Navette op Péiteng geféiert ze gin.

67é Cavalcade de Pétange 10.03.2024

Grand cortège international dans les rues de Pétange, dimanche de la Mi-carème, 10 mars 2024 à partir de 14.11 heures Si vous êtes une société, un groupe ou une formation musicale avec plein d’idéalistes de nature folle, et vous possédez un thème ou un char intéressant, nous vous invitions de poser votre candidature pour participer à la cavalcade. Veuillez envoyer une simple demande de participation à l’adresse email inscription@kagepe.lu ou utiliser ce formulaire pour votre demande d’inscription.

Pour toute autre information et les conditions de participation, nous vous prions de bien vouloir les consulter sous la rubrique Infos/Inscriptions. Le dernier délai d’inscription est fixé au 03.02.2024 ! Sachez aussi, qu’une navette d’autobus fonctionnera, le jour-même de la cavalcade, à partir du parking Cactus à Bascharage. Ambiance carnavalesque également dans les bistrots de Pétange, il aura plein d’animation au Centre-ville avant et après la cavalcade ! ENTRÉE LIBRE (unique au Grand-Duché).